D'Geschicht vum leschte Wollef zu Ouljen
Opgepasst: Dës Geschicht erzielt vu Frëndschaft, Courage a Verloscht. E puer Momenter sinn traureg, besonnesch fir méi jonk Kanner; dofir ass et am beschten, d’Geschicht zesumme mat engem Erwuessenen ze liesen oder ze lauschteren.
Viru laanger, laanger Zäit huet an engem wonnerschéine grousse Bësch zu Ouljen e Wollef gelieft. De Bësch war een uraalt Labyrinth aus risege Beem, dichten Hecken, geheime Weeër an décke Fielsen déi mat Moos bewues waren. Tëschent den Hiwwelen ass eng kleng Baach gelaf. Donieft hu Fräsche gequaakt a si séier an engem Saz am kille Waasser verschwonn wann hinnen eppes net geheier war.
D’Villercher hunn an de Bamkrounen gesong an d’Päiperleke sinn am Zickzack mat hire faarwege Flilleken duerch d’Loft geflunn. E Spiecht huet rhythmesch un d’Bamstämm getockt wärend kleng Déiercher an de Blieder um Buedem gekoschtert hunn a Kaweechelcher d’Beem eropgelaf sinn, wéi wann et fir si keng Schwéierkraaft géing ginn. Et war e Summen an e Brummen an der Loft, alles war ënnerwee, well et war Fréijoer.
Zwee hunneggiel Aen hunn dat alles nogekuckt. Si hunn engem grousse staarken Déier mat déckem groe Pelz gehéiert. Engem Wollef. Hien huet am Schied hannert de Fielse gedööst, gutt verstoppt. Heiansdo huet e geblënzelt a gekuckt op alles an der Rei wier. En huet misse gutt oppassen, well d’Leenzeechen iwwert sengem rietsen Ae war eng Erënnerung u schlëmm Zäiten.
De Wollef huet net ëmmer eleng gewunnt, hien hat och mol eng Famill. Mee d’Mënschen hunn him alles ewechgeholl. Si sinn enges Daags opgetaucht mat Gewierer an Hënn. De Wollef wollt seng Famill beschützen an dobäi huet eng Kugel aus dem Gewier seng Stier gesträift. Hien huet verstan, datt hien trotz senger Kraaft näischt konnt maachen an ass fortgelaf. Wéi hien Daags drop erëmkoum, war kee méi do. Säi ganzt Ruddel war fort, och déi Kleng... dat eenzegt wat hie fonnt hat war e Putsch Pelz.... an... Nee, dorunner wollt hien elo net denken, well säin Häerz gouf him dann ëmmer sou schwéier.
Vun deem Moment u war de Wollef eleng. Naja, net ganz eleng.
De Milo ass hien heiansdo besiche komm. Hie war den Hond vum Baurenhaff, e ganz frëndlechen, mat mëllem gesprinseltem Pelz, grousse brongen Aen an enger décker schwaarzer Nues, un där, vum ville schnoffelen, ëmmer bëssi Buedem drun houng. Hien huet sech owes heiansdo heemlech vum Haff geschlach an ass an de Bësch trëppele gaang. Dat ass dem Bauer ni opgefall, well de Milo hat een eegent Haischen dobaussen um Haff a konnt kommen a goe wéi hie wollt.
De Milo war gär an der Natur. Am Bësch huet hie sech fräi gefillt, ass gelaf a gesprong an hat einfach Freed um Liewen. Enges Daags ass him op engem Ausflug e grousst Déier begéint. E bëssi erféiert war de Milo schonn, wéi op eemol e Wollef virun him stoung. E war wierklech riseg an huet dem Milo mat senge groussen Aa roueg ugestuerkt.
„Hey!“ sot de Milo.
„Hey.“ äntwert de Wollef mat enger donkeler Stëmm.
„Wee bass du?“ freet de Milo.
„Mäin Numm ass Askar“.
„O wow... Mega! Coolen Numm... Askar... mech nennen se Milo, ech sinn en Hond an ech schaffe fir de Bauer, weess de? Ech passen op d’Kéi op, an och op d’Hinger... des läscht hunn ech de Fuuss aus dem Stall geheit ... dee wollt dach tatsächlech meng Hénger friessen ... oder hir Eeër klauen ... stell der vir! ... mee net mat mir! Ha!
De Wollef huet sech net beweegt wéi en dem Milo nogelauschtert huet. Ënnerlech huet e geschmunzelt. Deen opgedréinte Mupp schéngt guer keng Angscht viru mir ze hunn. Dat ass e ganz neit Gefill. E gutt Gefill… , huet e geduecht.
De Milo huet monter weidergeplappert:
„Egal wéi... ech hu gebillt, a gegrommelt ... ech hunn him gewise ween hei de Chef ass. Ha! An du? Bass du och een Hond? Boah, dann awer wierklech ee Groussen! Also ech sinn e Baaschtert soen se, meng Mamm wunnt hei am Duerf awer mäi Papp, dee koum aus engem aneren Duerf oder vläit souguer aus engem anere Land, ech weess et net genau, ech hunn en ni kennegeléiert.... Wunns du och am Duerf? Ech hunn dech nach ni do gesinn... Ween ass dann däi Mënsch?
Dem Askar seng Ae ware schmuel ginn.„Mäi Mënsch?!“ huet et tëscht senge spatzen Zänn eraus gezischt. Säi Bléck war kal ginn an eng Sträif Pelz op sengem breede Réck hat sech opgeriicht. „Ech si keen Hond, Milo! Ech sinn e Wollef! D’Mënsche fäerte mech, si erzielen sech schrecklech Geschichten iwwert mech, wéi geféierlech ech dach wier. An dobäi waren et si, déi meng Famill gejot an dout gemaach hunn. Well se virun hiren eegene Geschichten Angscht kruten.
Säi Bléck war elo traureg.
„Ech wollt dono fortgoen, mee, wou soll ech hin, elo wou ech eleng sinn? Dofir bleiwen ech hei, wou ech Erënnerungen u meng Famill hunn. Ech hale mech ewech vum Duerf, mee ech bleiwen hei wou ech si fir d’lescht gesinn hunn. Bei Vollmound muss ech haulen, mee ni äntwert ee mir, ech mengen ech sinn deen allerleschte Wollef op der ganzer Welt.
Dem Milo seng ganz Opreegung war op eemol verschwonn an hie gouf ganz roueg.
„Dat deet mir sou leed“, sot en zum groussen traurege Wollef, „Mënsche kënne fuerchtbar ongerecht sinn. Wat si dir ugedoen hunn ass einfach fuerchtbar. A sou ganz eleng ze sinn, ass bëstëmmt schrecklech. Wanns du wëlls, sinn ech elo däi Frënd, da bass du net méi sou eleng... ok?
De Wollef huet de Milo laang ugekuckt an deen huet hoffnungsvoll mam Schwanz gewackelt.
E richt no Kéi, ... no Mënsch, an och e bëssi no Hong... huet den Askar geduecht.
De Milo huet gespaant gewaart, dobäi de Kapp schif geluecht an nach méi staark mat sengem Schwanz gewackelt. Déi spruddeleg Frëndlechkeet am Milo sengen Aen huet den Askar iwwerzeegt.
„Hm“, huet e schliisslech gegrommelt.
„Ass dat e Jo?“ huet de Milo voller Freed gefrot. „Allez, so! Ass dat e Jo? So mer et.” Hien ass opgereegt hin an hier gesprong. Sou e coole Frënd ze hu wier mega.
„Dajee alt“, huet de Wollef gesot.
Och hien huet sech gefreet en neie Frënd ze hunn, awer e Wollef weist dat net. E Wollef wackelt net mam Schwanz. Nimools!
„SUPER!“ De Milo hopst vu Freed an d’Luucht. „Ech kommen dech elo mi dacks besichen, ok? Ech freeë mech ... oh! ... ech muss zeréck ... meng Hénger netzen ... ah, Quatsch! ... de Fuuss verjoen, net dat dee mer e puer Dickelcher klaut ... da gëtt et elle fir mech.“ A scho war hie fort.
De Milo an den Askar hu vun do u vill vunenaner geléiert. Den Hond huet de Wollef eemol gefrot:
“So, du an ech, mir si jo am Fong geholl Famill, oder? Eise Stammbam, – an domadder mengen ech net deen décke Bam beim Weier wou mer Allenzwee sou gär markéieren „wuff, wuff, – also, eise Familjestammbam ass jo dann dee selwechten, just datt mäin Deel virun 20.000 Joer bei de Mënsch gaang ass fir mat him zesummen ze liewen, an däin Deel huet weider a Fräiheet gelieft. Dat heescht da jo och, datt mir Hauswëllef zanter 20.000 Joer zerwéiert ginn an du muss op d’Juegd goen a selwer kucken dass du sat gëss”.
„Jo, sou gesäit et aus.“ sot de Wollef.
„Awer wanns du dat méchs, da ginn d’Mënsche béis, oder?“
„Jo. Wann ech dat falscht Déier joen.“, huet de Wollef geäntwert. „Mee eigentlech iessen ech just Déieren aus dem Bësch, an och do huelen ech just déi Schwaach oder déi Krank. Dat ass ustrengend a vill Gerenns. Mee dono brauch ech deeglaang näischt fir z’iessen.“
„Boah, dat kéint ech net! Ech kréien all Dag eng Schossel Fudder, an Zoossiss wann ech Chance hunn.“
„Zoossiss? Wat ass dat?“ huet de Wollef gefrot.
„Eng Strull Himmel. Ech bréngen dir déi nächste Kéier eng mat!“, huet de Milo versprach an ass heemgelaf.
E puer Deeg drop hu sech zwee Kanner aus dem Duerf op de Wee gemaach, deen erop an den Ouljer Bësch, no bei Betzder, gefouert huet. Den Emil a seng Schwëster d’Mia, haten hier Hausaufgabe fäerdeg a wollten nach e bëssi am schéine Wieder am Bësch spillen.
„Komm, Emil,“ – huet d’Mia säi Brudder geruff – „Komm mir ginn an de Bësch kucken, op d’Äerdbiere schonn zeideg sinn.“
– „Oooh, Äerdbieren hunn ech gär!“ huet den Emil geruff an ass viru senger Schwëster op de Wee gehopst. Si si laanscht d’Perch gelaf, wou d’Uebstbeem gebléit hunn a si hu sech scho gefreet am Hierscht Äppel plécken ze kommen.
Mee haut wollten si jo Äerdbier sichen. Si haten eng Plaz am Bësch fonnt, wou es gewuess ass.
An och Molbier. Ganz hanne souguer och Päerdsbier. Si hu just missen den décke Bam mam Geheimzeechen drop fannen. Et war eng Form wéi een Häerz oder wéi eng Äerdbier. Do ass et riets ran an de Bësch gaang, dann de Bierg e bëssi erop, dann zweemol no lénks a scho war een do. Ganz einfach!
Wéi si ukomm waren huet den Emil voller Virfreed tëscht de Blieder gesicht, mee néirens waren déi säfteg rout Friichten ze fannen. Warscheinlech war et einfach nach ze fréi. Schued.
Den Emil a seng Schwëster si weider duerch de Bësch spadséiert bis si eng flott Plaz bei der Baach fonnt haten, fir eng Paus ze maachen. D’Mia hat Waasser a Kichelcher agepak. Op engem platte Stee beim Waasser hu si hire Picknick ausgebreet an hu sech et schmaache gelooss.
„Wow, kuck wéi schéin et hei ass! Hei wier dach eng ideal Plaz fir eng Hütt ze bauen!“ huet d’Mia gemengt.
„O jo!“ rifft den Emil begeeschtert. „Dat gëtt eis geheim Stopp!“
„Gutt Iddi! Ech siche scho mol Äscht fir eis Hütt. Kënns de mat?“, huet d’Mia gefrot an huet de Rescht Kichelcher rëm an de Rucksak gedruddelt.
„Kloer!“ huet den Emil ganz opgereegt geäntwert. „Dat gëtt een Abenteuer!“
Déi zwee hu voller Äifer ugefaang Bengelen ze sammelen, déi déck a laang genuch ware fir hier Hütt ze bauen. Si waren sou bei der Saach, datt hinne guer net opgefall war, datt een hinne nogekuckt huet. Zwee giel Aen hunn hannert de Fielsen erausgeluusst an dat Spillche genau verfollegt.
Och haten déi zwee net gemierkt wéi vill Zäit scho vergaang war. Réischt wéi den Himmel rout an orange tëscht de Beem gegloust huet, ass hinne bewosst gi wéi spéit et scho war.
„O mei, Emil, mir mussen eis op den Heemwee maachen! Et gëtt däischter ...“, huet d’Mia liicht besuergt gesot.
Den Emil hat sech hir Hütt nach eemol ugekuckt a war ganz houfreg. Dat ass eng mega Stopp !! Mee d’Mia hat Recht. Si sollte séier zeréck an d’Duerf. Huerteg hunn déi zwee sech op de Réckwee gemaach. Si sinn iwwer déck Steng geklotert, hunn Ofkierzungen duerch pickeg Hecke geholl, sinn iwwert déi kleng Baach gesprong, an en Hang erofgerutscht ... mee de Wee fir heem haten si ëmmer nach net fonnt.
Lues a lues, ass et ëmmer méi däischter a méi kal ginn.
„Mia, wou musse mir hin?“ huet den Emil gefrot. Heen hat elo e bëssen Angscht an och d’Mia war bleech ginn an hat ugefaang ze fäerten. Hat wousst keng Äntwert. Am Bësch war et mëttlerweil stackdäischter ginn. Mee si hu misse weidergoen, obwuel si bal näischt méi gesinn hunn. D’Mia huet sech gewënscht, et hätt net nëmme Kichelcher, mee och seng Täscheluucht agepak. Mee déi louch doheem a senger Kummer.
Op eemol huet den Emil kreesch gedoen: „AUA!“
Hie war an enger Wuerzel hänke bliwwen an hat sech de Fouss verstaucht. D’Mia hat him direkt opgehollef, mee de Fouss war séier ugeschwoll a bei all Schratt ass him eng spatz Péng duerch d’Bee gefuer. D’Mia huet hie gestäipt. Si si just lues weiderkomm bis se guer net méi woussten wou dann elo de Wee fir Heem war.
„Ech kann net méi goe Mia.“ huet den Emil gekrasch.
D’Mia huet sech onsécher gefillt, awer et sot: „Maach der keng Suergen, Emil. Ech bréngen dech heem. Mir musse just e Wee fannen.” Awer si hate sech verlaf.
Si waren iergendwou matzen am Bësch. Op eemol hu si e Geräisch héieren. E Knacke vun Äscht. D’Mia war poulriicht stoe bliwwen an hat ugestrengt an d’Däischtert gekuckt. – „Wien ass do?“
Ganz lues koum eng riseg Gestalt tëscht de Beem eraus geschlach. Et war de Wollef. Hie war hinne virsiichteg nogaang, wéi si verluer duerch de Bësch getrëppelt sinn. Awer amplaz hinnen ze schueden, huet de Wollef sech lues viru si op de Buedem gesat an huet si mat senge gëllenen Aen gemustert. Dem Déier säi Bléck war net béis, mee éischter virwëtzeg a gläichzäiteg voller Matgefill. Den Emil huet gespuert, datt de Wollef hinnen näischt wollt doen.
„Komm Mia, hie wëll eis näischt Béises”, huet den Emil gepëspert.
D’Kanner hu sech ganz lues zeréck gezunn. De Wollef huet hinnen nogekuckt a sech lues ëmgedréint, e Schratt no vir gemaach an huet gekuckt, wéi wann e wéilt soen: Kommt, ech weisen iech de Wee.
„Ech mengen hie wëll eis hëllefen.“ huet den Emil dem Mia zougeflüstert, an obwuel si gezéckt hunn, si si dem Wollef nogaang. A sou huet de Wollef déi zwee Kanner sécher duerch de Bësch gefouert. Et war mëttlerweil stackdäischter ginn, awer et huet geschéngt, wéi wann hie genee wéisst, wou hie géif higoen. Endlech si si zeréck op de Bëschwee komm. De Wollef huet d’Kanner réischt dunn eleng weidergoe gelooss, wéi hie sécher war, datt si géingen heem fannen, an ass du genee sou lues verschwonnen, wéi hien opgetaucht war.
D’Mia an den Emil, waren dat lescht Stéck bis an d’Duerf gelaf, trotz verstauchtem Fouss. D’Erliichterung war riseg grouss, wéi se endlech déi vertraute Luuchte vum Duerf gesinn hunn.
D’Duerfleit hu sech gefreet, datt déi zwee Kanner erëm do waren, déi voller Opreegung hir Geschicht erzielt hunn, wou de Wollef si gerett, an aus dem Bësch gefouert hat. Mä déi Erwuesse wollten näischt iwwert e frëndlecht Déier wëssen. Si hunn nëmmen dem Emil seng Blessë gesinn, an an hiren Ae war de Wollef de Schëllegen.
De Jeeër, dee scho laang wollt, datt de Wollef aus sengem Bësch verschwënnt, huet geruff „Et war de Wollef! hien huet en ugegraff! Hie muss fort aus eisem Bësch, éier hien nach méi Misär mécht!”
D’Juegd op de Wollef huet de Moien drop, wéi d’Sonn opgaang ass, ugefaang. D’Leit si mat vill Kaméidi, hire Flënten an Hënn an de Bësch gelaf. Si ware besiess vun de grujelege Geschichten déi iwwert hien erzielt goufen. Wéi si de Wollef endlech fonnt hunn – schrecklech midd, awer nach ëmmer grouss a staark – hu se hien ouni ze zécken erschoss. D’Duerfbewunner sinn zefridden zeréck an d’Duerf gaang. Et war hinnen net bewosst, datt si en Held um Gewëssen haten - een, deen zwee Kanner gerett hat, ouni hinne jeemools wollten ze schueden. D’Mia an den Emil, déi vun der Juegd héieren haten, sinn an de Bësch gelaf fir d’Plaz ze fannen, wou de Wollef gestuerwen ass.
De Milo ass och matkomm. D’Mia huet sech op de Buedem geknéit, wou hat déi lescht Spuere vum Déier gesinn huet an d’Tréine sinn him iwwer d’Gesiicht gelaf.
„Hien huet eis gehollef“, huet hat geflüstert. „Firwat hu si him dat ugedo?“
De Milo hat sech nieft d’Kanner op de Buedem geluecht – och hie war schrecklech onglécklech iwwert de Verloscht vu sengem neie Frënd.
Den Emil huet d’Hand vu senger Schwëster geholl a sot:
„Hie war net béis, Mia. Hie war e Gudden. Awer si hunn eis net gegleeft.“
No enger Zäit sinn d’Kanner mam Milo zeréck an d’Duerf getrëppelt. Ouni de Wollëf, awer mat der Erënnerung un den Askar, a mam Wëssen, dass hien hire Frënd war.
An esou ass de leschte Wollef de 24. Abrëll 1893 zu Ouljen gestuerwen. Op der Plaquette am Ouljer Bësch steet den Datum falsch (1892)*.
Mee d’Geschicht vu senger Frëndlechkeet an Daperkeet huet weider gelieft, an den Erënnerunge vum Mia a vum Emil, déi elo woussten, datt de Wollef net de Feind, mee de leschte Wiechter vum Bësch gewiescht ass.
* Als Beleeg dozou en Zitat vum Jos. Massard aus dem Tageblatt vum 13. Juli 1985, S. 9 „Am 24. April 1893 wurde zum letzten Mal ein Wolf auf Luxemburger Territorium erlegt, ein starker Rüde, der auf dem "Kiem" bei Olingen bei einer Treibjagd mit einem "Kapitalschuß", abgefeuert von Ed. Wolff (!), Untersuchungsrichter in Luxemburg, niedergestreckt wird. Die "Luxemburger Zeitung" (Nr. 115, S. 3) berichtet am 25. April 1893 in einer kurzen Notiz von diesem bemerkenswerten Ereignis… Im Jahre 1937 ließ der St. Hubert Club eine gußeiserne Gedenkplatte an einer Buche anbringen, an jener Stelle, wo dieser eigenartige Zweikampf "Wolf gegen Wolff', wie Josy Braun es formuliert, stattgefunden hat. Auf dieser Platte wird das Abschußdatum aber irrtümlicherweise um ein Jahr, auf den 24. April 1892, vorverlegt, ein Irrtum, der in viele spätere Veröffentlichungen Eingang gefunden hat.“