icon/accesrapide/white/urgence
Urgences
Group 7
Collecte des déchets
Salles et matériel
Formulaires
E-Raider
Carte interactive
2026-04-29 00:00:00+02:00

E Bikepark an der Gemeng Betzder

Commence le 29.04.2026 | Conférence - Réunion
Bikepark-Image-avec-Icone
Informations générales
Date & heure :
Mercredi le 29 avril 2026 de 19:00 à 21:00
Lieu :
Buvette centre sportif

Deng Meenung ass gefrot: Hëllef mat, den zukünftege Mountainbike-Parcours an denger Gemeng ze plangen

Wat ass e Bikepark?
E Bikepark ass eng Plaz mat Hiwwelen, Kéieren an Hindernisser, wou ee sprangen an trainéiere kann, sech austoben oder einfach Spaass hunn – eleng oder mat Frënn.

D’Gemeng Betzder plangt e Bikepark fir d’Jugend: Et geet ëm Beweegung, Fräizäit a Spaass an der Natur.

Mir brauchen deng Iddien!
D’Gemeng Betzder wëll dëse Bikepark zesumme mat de jonke Biergerinnen a Bierger plangen.
• Wéi eng Schikane wëlls du am Bikepark?
• Wéi soll de Parcours verlafen?
• Wéi wëlls du de Park benotzen?

Komm an d’Versammlung an hëllef d’Konzept vun dësem neie Projet matzegestalten!
D’Firma Alegra aus der Schwäiz, Spezialisten am Bau vu Bikeparken a Pumptracks, begleeden de Projet a bréngen hir Erfarung mat.

Téléchargements