Betzmobile
De Service "Akaafe mam Betzmobile" ass ee Service fir eis eeler Matbierger a fir gehbehënnert Mënschen. Dir gitt mam Minibus doheem ofgeholl an och nees dohin zeréckbruecht.
Fahrten op Gréiwemaacher:
- All Donneschden Moien (Match Copal) um 8h30
- De leschten Donneschden am Mount mëttes (Match Copal) um 13h45
- All 1. Méinden vum Mount (Maacher Maart) vun 8h30 bis 11h
Déi 8 Éischt, déi sech ënner Tel. 28 13 73 - 1 umellen, sinn dobäi!
Opgepasst: de Service "Akaafe mam Betzmobile" fiert net u Feierdeeg!!!